Quantcast
Channel: Claude Adam
Viewing all 168 articles
Browse latest View live

Meeting Ellie Nimeroski

$
0
0

IMG_6464Ellie est née à Toronto et a grandi à New Foundland (Canada).

En 2012, elle a passé un an à Paris à la Cité internationale des Arts, où elle a joué avec l’orchestre baroque “les talens lyriques“de Christophe Rousset.

De Paris, Ellie est passée à Genève, oû elle travaille avec Florence Malgoire, tout en gardant ses liens avec l’orchestre baroque Arion de Montréal.

Elle est venue au Luxembourg pour le concert des Rencontres Musicales de la Vallée de l’Alzette du dimanche, 29 mars 2015.

IMG_6485Ellie joue avec des orchestres français, suisse et canadien sur instrument de l’époque (violon baroque, cordes à boyaux). Elle donne aussi des cours particuliers à des enfants et à des adultes à Genèves. Elle est musicienne chercheuse et a actuellement un projet de recherche autour de l’archet de François Xavier Tourte, archetier français fin XVIIIe siècle.


Referendum: Eischt Table ronde vun der Chamber

$
0
0

Chamber Aktuell_TR referendum 1 200415 011

Haut ass déi éischt table ronde vun der Chamber am Studio vun RTL opgezeechent ginn. An déi gëtt dann och vun haut un op Chamber TV diffuséiert.

Bei dësem éischte Gespréich ass et em d’Begrenzung vun de Mandater an ëm d’Erofsetze vum Wahlalter op 16 Joer gaangen. D’Positioune vun den eenzelne Parteie si jo scho méi laang kloer. D’Sondagë sinn och bekannt. Ech hoffen, datt et eis geléngt, duerch eng sachlech Argumentatioun nach däitlech Bewegung bei de Wieler ze kréien. Ech mengen net, datt mir déi Referendumscampagne hätte sollen éischter starten. Et sinn dräi Froen, déi zimlech einfach ze verstoe sinn. Wa mer dat net a 6 Woche vermëttelt kréien, kréie mer et och net a 6 Méint erklärt.

Haut ass et drëm gaang, op ee Minister no zwou Legislaturperioden eng Auszäit soll huelen. Dat ass eng Fro, déi engem Politiker säi Choix aschränkt, also en Agrëff an engem Mënsch seng fräi Decisioun. Dat ass vläicht net déi allerwichtegst Fro, mee si ass verfassungsrelevant an duerfir “referendumswürdeg”. Am Moment ass dat jo déi eenzeg Fro, wou d’Sondagen eng Majoritéit fir de “Jo” gesinn.

D’Erofsetze vum Wahlalter op 16 Joer schéngt fir eng grouss Majoritéit vun de Wieler net a Fro ze kommen. Déi gréng hunn dës Propositioun scho laang an hirem Wahlprogramm. Ech war selwer laang Zäit éischter skeptesch bei der Positioun. Ech hu mech mëttlerweil zimlech intensiv mat dem Sujet beschäftegt a sinn iwwerzeegt, datt et gutt ass de Wahlalter erofzesetzen. Et ass fir mech onverständlech, wéi mer wëlle Jonker zu méi politescher Partizipatioun an zu méi (politeschem) Engagement bewegen, wa mer hinnen net zoutrauen, dat si kënnen un engem Wahlprozess Deel huelen. Et geet net drëm, 16 a 17 Järeger an d’Wahlkabinnen ze zwéngen. Et geet drëm, deenen déi an dem Alter wëlle politesch Faarf bekennen, dat och z’erméiglechen. D’Propose vum Referendum heescht: Et gëtt keen zu eppes forcéiert, et kritt keen eppes ewech geholl, et kréie just eng Rei Jugendlecher d’Méiglechkeet wielen ze goen. Dat ass net revolutionär, dat ass do wou et erméiglecht ginn ass, net op Problemer gestouss. D’Altersmoyenne vun de Wieler ass a kengem Land an Europa esou héich ewéi zu Lëtzebuerg.

D’Auslännerwahlrecht soll an enger nächster Emissioun a 14 Deeg thematiséiert ginn.

Le génocide arménien

$
0
0
Salim Levent Sahinkaya, Ambassadeur de Turquie en visite chez déi gréng

Salim Levent Sahinkaya, Ambassadeur de Turquie en visite chez déi gréng

Les Arméniens à travers le monde commémorent ce vendredi, 24 avril 2015 le centenaire du génocide, au cours duquel deux tiers des Arméniens qui vivaient alors sur le territoire actuel de la Turquie ont péri du fait de déportations, famines et massacres de grande ampleur.
La semaine prochaine, une motion au sujet de ce génocide sera déposée à la Chambre des Députés par le député Laurent Mosar. Voilà pourquoi l’ambassadeur de la Turquie a fait une démarche urgente auprès des différents partis politiques luxembourgeois.
La Turquie n’accepte pas le terme de “génocide” pour les événements qui se sont déroulés à partir du 24 avril 1915. Il parle d’une tragédie où des centaines de milliers de personnes, des Arméniens, sont mortes, mais qui a également produit des victimes turques…
Selon l’ambassadeur, le gouvernement turc de l’époque avait décidé de déporter les Arméniens d’une partie de la Turquie vers une autre sans aucune intention de génocide. Le mot génocide est problématique pour la Turquie du fait qu’il n’y aurait pas de preuve juridique pour une telle intention. Seul un tribunal international indépendant pourrait attribuer ce vocabulaire.
Le terme de génocide a été créé en 1944 par Raphael Lemkin, professeur de droit américain, et a été défini e.a. par l’ONU en 1948. Selon les représentants turcs, l’application du terme ne peut se faire de façon rétroactive.
 En Europe, les historiens sont pratiquement unanimes à affirmer que ces massacres constituent le premier génocide du 20e siècle. Le génocide arménien est redevenu un sujet d’actualité.

Le Parlement autrichien a reconnu le génocide arménien ce 22 avril 2015. Le gouvernement turc a immédiatement rappelé son Ambassadeur. En Allemagne, une déclaration est actuellement discutée et mènera probablement à une mention de la notion de génocide cachée dans une phrase secondaire.
Notre motion risque d’entraver les relations avec la Turquie.
 L’Ambassadeur a demandé quel serait notre intérêt à soutenir une telle motion vu qu’il n’existe pas de diaspora arménienne au Luxembourg.  Il a rappelé que les relations commerciales entre le Luxembourg et la Turquie sont bonnes, p.ex. la Turkish airlines entretient des vols réguliers depuis le Luxembourg.
Je ne connais pas encore le texte de la motion qui sera déposée la semaine prochaine à la Chambre des députés. Il est fort probable qu’elle sera renvoyée en Commission des affaires étrangères, afin de trouver une formulation qui puisse être acceptée par une très large majorité des députés.

europäesch Flüchtlingspolitik

$
0
0

claude1De Mëttwoch huet de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn d’Conclusioune vum extraordinärem Sommet vum Europäesche Conseil iwwer d’Flüchtlingskrise virgestallt.

déi gréng: Krich an Doudeger um Wee an d’Immigratioun gëtt et scho laang, an et schéngt leider esou ze sinn, datt et scho grouss Zuele vu Victime musse ginn, fir datt mir an eisen europäesche Länner reagéieren, fir datt Europa reagéiert…

Eng éischt Reaktioun muss natierlech déi sinn, wéi an all Katastrofesituatioun, deenen ze hëllefen, déi an Nout sinn, d.h. déi Leit retten, déi a Séinout sinn.

Déi italienesch Sich- a Rettungsaktioun “Mare Nostrum”, déi am Oktober 2013 lancéiert ginn ass, hat dozou bäigedroen, datt méi ewéi 150.000 Migranten aus dem Mëttelmier gerett gi sinn. “Mare Nostrum”, wou d’italienesch Regierung ronn 114 Milliounen Euro ausginn huet, ass Enn 2014 agestallt ginn.

Mare Nostre ass ersat ginn duerch déi europäesch Operatiounen « Triton » a « Poseidon » ënnert der europäescher Agence Frontex.

Si haten ee Budget, deen dräimol méi niddreg war, wéi de Budget vu Mare Nostre, an d’Booter sinn och nëmme bis 30 Séimeile virun der italienescher Côte gefuer, géint virdrun 100 Séimeilen.

D’EU wëll de Budget fir d’Nofolger vu Mare Nostrum verdräifachen. Domadder korrigéiere mir wuel e Feeler, mä de Problem léise mir domat sécherlech net!

déi gréng: Europa muss méi solidaresch handelen. Et gëtt gefuerdert, d‘Dublin Ofkommes ze reforméieren. Wat sinn d’Problemer mat dësem System?

Mir däerfen d’Migratiounsflëss net méi just als extraordinären “cas d’urgence” betruechten! Mir befaassen eis hei mat engem strukturelle Problem, an duerfir brauche mir och eng strukturell Reform. Laut dem Dublin System dierften theoretesch iwwerhaapt keng Flüchtlingen aus dem Mëttelmier op Lëtzebuerg kommen. Fir déi gréng mécht dëst däitlech, datt mir eng méi gerecht Verdeelung vu Migranten an allen europäesche Memberstate brauchen. Mir sinn der Meenung, datt dëst nëmme kann iwwer Quote funktionéieren. Dës Quote mussen der Demographie souwéi der wirtschaftlecher Situatioun an all Land ugepasst ginn.

 

déi gréng: Wisou schwätzt du vun engem strukturelle Problem? Musse mer eis op permanent Flüchtlingsstréim astellen.

– Staark Migratiounsbeweegunge sinn et schonn ëmmer ginn.

Mir kënnen dervun ausgoen, datt et mindestens zwou verschidde Gruppe vu Leit gëtt, déi wëllen iwwert d’Mëttelmier, virun allem vu Libyen aus, an Europa kommen :

Déi, déi aus Konfliktzone geflücht sinn, Konfliktzonen ewéi Syrien, dem Mali, oder viru politesche Krise wéi an Eritrea. Vill vun hinnen hätte gutt Aussiichten, datt hinne géing politescht Asyl accordéiert ginn.

Aner Migranten, virun allem awer net nëmmen aus Westafrika, sinn éischter economesch motivéiert. Hei stellt sech Fro vun der Schafung vu Méiglechkeete fir eng legal Immigratioun.

déi gréng: Du hues déi franséisch-senegalesesch Schrëftstellerin Fatou claude2Diome, an denger Ried zitéiert…

– Den Engagement an déi Kraaft vun der Autorin huet mech beandrockt. D’Fatou Diome sot zu Recht : Ee Mënsch dee fortgeet, fir z’iwwerliewen, ee Mënsch, deen d’Gefill huet, datt dat Liewe, wat en riskéiert ze verléieren, näischt wäert ass, dee Mënsch huet eng ongeheier Kraaft, well hie keng Angscht huet virum Doud.

Et ass och wichteg, sech drun z’erënneren, datt och wann et der vill sinn, awer nëmmen en klengen Deel vun de Leit, déi emigréieren, de Wee bis an Europa sichen. Ganz vill Leit si Flüchtlingen an hirem eegene Land, dat heescht si sinn aus hirer Heemecht verdriwwen an iwwerschreide keng Landesgrenz.

Ganz vill Leit flüchten aus Krisegebidder an een Nopeschland. Am Libanon liewen 1.180.000 Flüchtlingen a 4.467.000 Libanesen. A Jordanien dierft d’Situatioun ähnlech sinn.

Dat schéngt mer wichteg, fir all déi Leit, déi mengen, mir kéinte keng weider Flüchtlinge verkraften.

déi gréng: Wéi ass et mam illegalen Traffik vu Mënschen am Mëttelmier?

Natierlech si mir domatt averstanen, datt mer den illegalen Traffik vu Mënschen am Mëttelmier musse bekämpfen. Mir sinn net der Meenung, datt et sech hei em Passeuren handelt, déi Mënschen an Nout wëllen hëllefen, mee ëm Krimineller, déi professionell Reseau’en uleeë fir u Mënschen an Nout méiglechst vill Suen ze verdéngen, an dat ouni Skrupel. Et dierft allerdings schwéier sinn, géint dës Mënschenhändler efficace virzegoen: Eng éischt Konditioun, fir dat esou eng Demarche Erfolleg hätt, wier eng enk Zesummenaarbecht mat de libeschen Autoritéiten. Dat schéngt zur Zäit onméiglech. Libyen ass een eenzege politeschen a militäresche Chaos.

déi gréng: D’Fatou Diome hat och gesot : “On sera riches ensemble ou on va se noyer tous ensemble”

 Mir kommen net derlaanscht, fir Weeër ze schafen, déi eng legal Immigratioun erlaben. Dat schéngt eis eng Noutwendegkeet, mee och dat alleng léist d’Migratiounsproblemer net.

Mir mussen all diplomatesch Mëttelen asetzen, fir déi Krisegebidder ze stabiliséieren, déi op ville Plazen an der Welt entstan sinn. Och mir an Europa droen een Deel vun der Responsabilitéit a ville vun dëse Konflikter.

Mir mussen och weiderhin eng Kooperatiounspolitik maachen, déi derzou bäidréit, datt d’Länner virun allem an Afrika eng wirtschaftlech Perspektiv kréien. Méi ewéi Kooperatiounspolitik ass awer hei och d’Wirtschafts-, d’Handels- an d’Landwirtschaftspolitik gefuerdert.

Le génocide arménien: vote d’une résolution

$
0
0

adamLe 6 mai 2015, la Chambre des députés a adopté à l’unanimité une résolution reconnaissant le génocide arménien. La Turquie a immédiatement réagi en rappelant l’ambassadeur de Turquie Levent Sahinkaya à Ankara pour des consultations. L’ambassadrice luxembourgeoise à Ankara, Arlette Conzemius, a elle été convoquée au ministère turque des Affaires étrangères à peine une demi-heure après le vote des députés luxembourgeois. Ces réactions étaient tout à fait prévisibles. Voci le discours que j’ai tenu pour la fraction déi gréng pour argumenter notre vote.

De 24. Abrëll 1915 sinn zu Konstantinopel, dem haidegen Istanbul, e puer honnert Armenesch Intellektueller, Schrëftsteller, Museker, Journalisten, Parlamentarier a Geeschtlecher verhaft ginn, deportéiert ginn, an déi meescht sinn och ëmbruecht ginn. Dat war den Optakt zu engem Verbrieche géint d’Mënschheet, géint Armenier awer och géint Arameeër a Syrer, Kaldeeër, Pontos Griechen … Mir schwätzen haut vu ronn 1,5 Milliounen Affer: Kanner, Fraen a Männer. Dat wat deemools geschitt ass, ass eigentlech ënnert den Ae vun der Welt-Ëffentlechkeet geschitt; et gouf vun Däitschen, Éisträichesch-Ungareschen, Italieneschen, Amerikaneschen, Skandinaveschen, awer och Osmaneschen an Armenesche Quellen dokumentéiert. Schonn am August 1915 hat d’New York Times vun enger methodesch geplangter Aktioun – engem Vernichtungsprogramm – geschwat, an enger Dimensioun wéi d’Geschicht bis ewell se nach net erlieft hat. D’Regierung vum Däitsche Räich, déi dat Osmanescht Räich als Verbünten hat, ass zu der nämmlechter Conclusioun komm ouni allerdéngs eppes dogéint ze ënnerhuelen. Haut, 100 Joer nom Optakt vun deem Massaker hunn esouwuel Däitschland wéi och Éisträich sech zu hirer Matverantwortung bekannt. Den Tierkesche President Erdogan huet allen Osmaneschen Armenier geduecht, déi am 1. Weltkrich bei den trauregen Evenementer – sou dréckt hien sech aus – hiert Liewe gelooss hunn. Éisträich an Däitschland hunn dës Massaker un den Armenier als Vëlkermord, als Genozid bezeechent, grad wéi dann och eis Nopeschlänner d’Belsch, Frankräich an Holland.

Mir verwennen den Terme Genozid och an eiser Resolutioun. Mir sinn der Meenung dat et endlech un der Zäit ass sech un all Affer, vun all Genozid ze erënneren. Dat si mir den Affer an hire Nokomme schëlleg. Dat si mir awer virun allem och eis selwer, an deenen déi no eis komme schëlleg. Et geet hei net drëm mam moralesche Fanger op ee Land ze weisen. Wat virun 100 Joer geschitt ass kann een enger aktueller Regierung net unhänken. Et geet drëm déi geplangte Vernichtung vun engem Vollek ze erkennen, ze benennen a fir d’Zukunft doraus ze léieren. Et läit am Intressi vun all Land och di däischter Kapitele vu senger Geschicht opzeschaffen. Dat kann ee Land net méi schwaach maachen. Ganz am Géigendeel.

déi gréng sinn der Meenung dat et wichteg wier, dat sech d’Relatiounen tëschent Armenien an der Türkei normaliséieren. Dat géing sech positiv op d’Wirtschaft vun deenen 2 Länner auswierken. Dat wier awer och positiv fir all déi Leit, déi an deenen 2 Länner, a virun allem an der Grenzregioun liewen. Et wier dach flott wann Armenien an d’Türkei ähnlech Relatioune kéinte kréie wéi se haut Frankräich an Däitschland hunn, oder Lëtzebuerg an Däitschland. Dofir menge mir datt et wichteg ass datt mir mat der Resolutioun haut zur Obschaffung vun der Geschicht bäidroen an dofir ginn ech och den Accord vun der grénger Fraktioun zu dëser Resolutioun.

Mon paysage préféré

$
0
0
Où les saisons ne se ressemblent pas (Le Jeudi du 14.5 au 20.5.2015)

Où les saisons ne se ressemblent pas (photo parue dans Le Jeudi du 14.5 au 20.5.2015)

Il s’agit d’une vue de Mersch sur la Vallée de l’Eisch, à l’entrée de la localité de Reckange. Pour moi, c’est un paysage typiquement luxembourgeois. Il y a toutes les nuances de vert, le bois, les prés, les haies, les arbustes, les douces pentes, les arbres fruitiers en fleurs et, en bas, on peut deviner le cours d’eau. Il n’y a pas de grandes étendues, mais une ribambelle de petites parcelles, il n’y a pas de lignes droites, mais une multitudes de lignes ondulées. J’aime bien ressentir l’alternance des saisons au Luxembourg. Elles sont toutes belles, mais le printemps est ma saison favorite. La fraîcheur printanière, la richesse en nuances du vert de la nature continuent à m’impressionner.

Fakultativt Wahlrecht mat 16

$
0
0

Capture d’écran 2015-05-25 à 17.51.46

 

An engem representativen TNS-Ilres-Sondage Ugangs Mee 2015, deen d’Jugendkonferenz an Optrag ginn huet, ware just 43% vun de Leit géint d’Wahlrecht vu 16 Joer un.

Ob d’Fro: “Approuvez-vous l’idée que les Luxembourgeois âgés entre seize et dix-huit ans aient le droit de s’inscrire de manière facultative sur les listes électorales en vue de participer comme électeurs aux élections…” haten nach e puer Woche virdrun am Politmonitor vun RTL an dem Wort nëmmen 28% vun de Wieler mat “Jo” geäntwert, 68% waren dergéint.

Woumat rëm eng Kéier beluecht ass, datt een eng Äntwert ka manipuléieren, deemno wéi een eng Fro stellt.

Mir bleift allerdings nach ëmmer onverständlech, firwat datt esou vill Leit sech esou schwéier dinn, ee Jonken, dee wëll wiele goen och wiele goen ze loossen.

Haaptargumenter géint d’Wahlrecht ab 16 si jo:

– si sinn nach net räif,

– si verstinn nach näischt vu Politik,

– si sinn nach net groussjäreg,

– dat aktiivt a dat passiivt Wahlrecht gehéieren zesummen

Capture d’écran 2015-05-25 à 18.36.14

Ech fannen et net gutt, fir d’Wahlrecht a Verbindung mat Räifheet ze bréngen. Kee Mënsch muss beweisen, datt e räif genuch ass fir ze wielen, ech wéisst och net wéi een dat iwwerhaapt kéint feststellen. Et gëtt Leit, déi maache scho mat 16 méi ee räifen Androck ewéi anerer mat 26. Et brauch och kee Mënsch nozeweisen, datt en eppes vu Politik versteet, wann e wëll wiele goen. An ech gleewen och net, datt ee Mënsch vun 18 Joer automatesch eppes vu Politik versteet, a virum sengem 18. Gebuertsdag näischt dovu ka verstoen.

Réischt mat 18 Joer ass ee groussjäreg. Bis zum 18. Joer ënnersteet de Jugendlechen enger besonnescher Legislatioun, dem Jugendschutz. Dat heescht awer net, datt hien net scho virun 18 Joer ka Responsabilitéit iwwerhuelen: Mat 16 Joer däerf hien eng Léier maachen oder schaffe goen. An der Schoul muss hie fir sech decidéieren, a wéi eng Richtung hien sech wëll orientéieren. Fir der Tatsaach vun der Net-Groussjäregkeet Rechnung ze droen, mussen déi Jonk net wiele goen, mee sollen dat däerfen, wann se sech dofir decidéiert hunn, an an eng Wielerlëscht ageschriwwen hunn. An natierlech kënnen se sech dowéinst och net wiele loossen.

Dat aktiivt an dat passiivt Wahlrecht waren zu Lëtzebuerg bis 2003 net zesummen. Bis 1975 huet ee missten 21 Joer al si fir wielen ze goen a 25 Joer fir kënne gewielt ze ginn. Bis 2003 huet ee konnte mat 18 wielen an sech réischt mat 21 wiele loossen. Aktiivt a passiivt Wahlrecht leien also réischt zënter 2003 zesumme bei 18 Joer. 2003 ass iwwregens och d’Wahlflicht vu 70 op 75 Joer erop gehuewe ginn, e.a. mam Argument, datt mer eis der méi laanger duerchschnëttlecher Liewenszäit géingen upassen. Vu 75 Joer un, muss een net méi wiele goen. Deemno wieren déi Jonk vu 16 a 17 Joer also net déi eenzeg, déi ee Wahlrecht a keng Wahlflicht hätten.

An Éisterräich ass de Wahlalter  2007 op 16 Joer erof gesat ginn, bei alle Wahlen (keng Wahlflicht). E puer Resultater vun Analyse vum Wahlverhalen:

Die 16- bis 18-Jährigen sind somit bei Wahlen weder besonders aktiv noch besonders inaktiv, sondern beteiligen sich analog zur restlichen Bevölkerung. Festzuhalten ist, dass die Wahlbeteiligung von SchülerInnen Allgemeinbildender Höherer Schulen (AHS) deutlich höher war als jene von SchülerInnen in Berufsbildenden Höheren Schulen (BHS) oder in Berufsschulen.

Vorweg ist eine scheinbare Banalität festzuhalten: Es ist verfehlt, von den Jugendlichen als einer homogenen politischen Gruppe zu sprechen. So gibt es deutliche Abweichungen in ihren Meinungen, die sich insbesondere über den Status SchülerIn oder bereits vorliegende Erwerbstätigkeit definieren lassen. Dieser Status ist offenbar ein besonders wichtiger Bestimmungsfaktor für die politischen Einstellungen. Dabei sind erwerbstätige Jugendliche deutlich skeptischer und distanzierter gegenüber Politik eingestellt als jene, die noch eine Schule besuchen. Eine Ursache dafür dürfte der Zugang zu Bildung sein, da die Schule als wichtiger bis wichtigster Informationsvermittler über Politik genannt wurde. 1

P1060687Wahlrecht ab 16 oder ab 18, dat dierft näischt un der Tatsaach änneren, datt d’Schoul hei -alt rëm eng Kéier- eng wichteg Missioun huet. Beim Referendum hunn d’Schoulen sech zimlech bedeckt gehal. De Réidener Atertlycée hat allerdings een Debat organiséiert, deen ech a villen Hisiichten exemplaresch fonnt hunn. D’11e, 12e an 13e Klasse waren all an de Festsall komm. Ee Proff hat d’Referendumsfroe virgestallt, dunn hunn d’Schüler ofgestëmmt: Jo, nee oder Abstentioun. Duerno ass an 8 Gruppen diskutéiert ginn: Jeeweils 20 Minutte mat P1060688
engem Politiker deen d’Positioun vum jo vertrueden huet, an dunn mat engem Politiker, dee fir den Nee geschwat huet (respektiv ëmgedréint). Duerno ass nach eng Kéier e Vote gemaach ginn. Den Ënnerscheed vum zweeten op den éischte Vote war eenzeg un der Zuel vun den Abstentiounen z’erkennen: Déi waren ëm 5 Prozentpunkten zréck gaang, an hunn sech bei de Jo additionnéiert. Den Nee war awer staark majoritär bliwwen.

1 SWS-Rundschau (49.Jg.) Heft 4/ 2009: 420–445

TTIP- UnFAIRhandelbar!

$
0
0
Norbert NICOLL (ATTAC) wird Sie durch den Abend führen. Auf dem Podium vertreten sind unter anderen der Vorsitzende der ECOLO Fraktion im PDG Freddy MOCKEL, Abgeordneter déi gréng Claude ADAM (Luxemburg), Staatssekretär Dr. Thomas GRIESE (Rheinland-Pfalz), Fraktionsvorsitzender der Landtagsfraktion Reiner PRIGGEN (Nordrhein-Westfalen), Coen VAN GUGTEN (GroenLinks, Maastricht) und natürlich die grüne Europaabgeordnete Ska KELLER .

Claude ADAM, Abgeordneter déi gréng, Freddy MOCKEL, Vorsitzender der ECOLO Fraktion im PDG, Ska KELLER, grüne Europaabgeordnete,  Norbert NICOLL (ATTAC) Moderation,  Staatssekretär Dr. Thomas GRIESE (Rheinland-Pfalz), Gisela NACKEN, Aachen, Coen VAN GUGTEN, GroenLinks, Maastricht

ECOLO Ostbelgien organisierte am Mittwoch, den 27. Mai um 19.30 Uhr im Ambassador Hotel Bosten einen Diskussionsabend mit der Europaabgeordneten SKA KELLER und grünen Vertretern aus Belgien, Deutschland, Luxemburg und den Niederlanden.

 

Ska Keller und Norbert Nicoll

Ska Keller und Norbert Nicoll

Ska Keller, EU-Abgeordnete aus Deutschland, hat kurz über Freihandelsabkommen und tarifäre und nicht-tarifäre Abkommen referiert. Handelsabkommen fehlt es grundsätzlich an Transparenz. Vor diesem Hintergrund wird TTIP (Transatlantisches Freihandelsabkommen) als das transparenteste Handelsabkommen das je verhandelt wurde dargestellt, dabei ist es natürlich auch alles andere als das. Ska Keller berichtete wie der Zugang zu den “reading rooms” geregelt ist: Mit Aufpasser, ohne Telefon und Fotoapparat, Notizen dürfen nur auf nummeriertes Papier geschrieben werden. Zugriff erhält man nur zu den Angebotspapieren der EU, über die amerikanischen Angebote ist wenig bekannt.

Schon das Verhandlungsmandat der EU-Kommission ist problematisch, auch wenn die Nationalstaaten diesem Verhandlungsmandat zugestimmt haben. Das Europaparlament wird nicht in die Verhandlungen mit einbezogen: Nicht bei der Formulierung des Auftrags und auch nicht zur Stellungnahme zwischendurch. Das Parlament kann lediglich über den ausgehandelten Vertrag abstimmen.

Thomas Griese, Staatssekretär in Rheinland-Pfalz, führte anhand einiger einleuchtender Beispiele auf was auf dem Spiel steht. In Bezug auf die Herkunftsbezeichnung ist in den USA vieles möglich was in Europa nicht geht, zum Beispiel Wein mit der Bezeichnung “Moselwein” auf den Markt zu bringen, ungeachtet der Herkunft der Trauben.

 

Ähnliche Probleme gab es schon bei dem CETA Abkommen (Comprehensive Economic and Trade Agreement), das bereits aushandelt ist und sich nun im Prozess des “legal scrubbing” befindet. CETA ein TTIP-light. In Kanada ist es z.B. erlaubt, die Reben einfach in ein Kühlhaus zu bringen und dann zu Eiswein zu verarbeiten. Das macht die Herstellung von Eiswein natürlich wesentlich billiger und würde das Ende des traditionell hergestellten europäischen Eisweines bedeuten.

Rund 170 Produkte aus geschützten geografischen Regionen wurden in die Verhandlungsliste aufgenommen, dabei gibt es etwa 1400 Produkte, die auf eine solche Liste gehören. Welches Produkt geschützt wird und welches nicht ist nicht nachvollziehbar. In Europa muss Gerolsteiner Mineralwasser aus Gerolstein kommen, Selterswasser aus Selters – in den USA nicht.

IMG_7064

Für die europäische Landwirtschaft bedeutet TTIP jedenfalls keine Wachstumssteigerung, sondern eher das Gegenteil. Durch die Einführung von Hormonfleisch steigt der Druck, selbst Hormone in der Rinderzucht zuzulassen, wenn die europäischen Bauern preislich mithalten wollen/müssen. Das Gleiche gilt für die Gentechnik: Internationale Konzerne würden genveränderte Lebensmittel am liebsten ohne Kennzeichnung einführen und vermarken. Vermutlich werden Exporteure, Pkw- und Chemieindustrie von TTIP profitieren, während Mittelstand und Produzenten eher zu den Verlierern gehören werden.

Wie unabwendbar ist TTIP?

Das EU-Parlament kann den Vertrag stoppen. Aber auch der Europarat muss mit dem Resultat der Verhandlungen einverstanden sein. Griechenland wird Probleme haben nicht in Griechenland produzierten Feta-Käse zuzulassen. In Deutschland dürfte das Bundesverfassungsgericht sich schwer tun mit den Schiedsgerichten, da es sich hierbei um eine rechtsstaatswidrige Paralleljustiz handelt. In Österreich eine überwältigende Mehrheit der Bürger und der Politiker gegen das TTIP Abkommen.

IMG_7084Für déi gréng bedeutet das: Wir haben TTIP „geerbt“, nachdem die vorherige Regierung,
wie alle anderen europäischen Regierungen auch, der EU Kommission das Verhandlungsmandat für TTIP zugesprochen hatte. Die damals stärkste Regierungspartei stellt heute den Kommissionspräsidenten. Ein Abbrechen der Verhandlungen auf nationaler Ebene ist nicht möglich, das lässt die Prozedur nicht zu. déi gréng werden die Verhandlungen von Luxemburg aus weiter kritisch begleiten und sich für den Erhalt von Umwelt-, Sozial-, Gesundheits- und Verbraucherschutz einsetzen:

– TTIP muss heraus aus der Dunkelkammer. Ein Handelsvertrag dieses Umfangs muss den Parlamentariern und ihren Mitarbeitern und Beratern zugänglich sein.

– Die ISDS Schiedsgerichte sind nicht tragbar. Überlegungen diesen privaten Schiedsgerichten einen internationalen und öffentlichen Charakter zu geben sind zumindest ein Fortschritt.

– Die vorgesehene regulatorische Kooperation ist ein nicht annehmbarer Eingriff in demokratische Prozesse.

– TTIP ist kein reines Handelsabkommen und muss von allen nationalen Parlamenten ratifiziert werden.

Durch TTIP wird die Wahrscheinlichkeit erhöht, dass sich Arbeits- und Umweltstandards nicht auf der höchstmöglichen Stufe durchsetzen, sondern auf der aktuell niedrigsten.


Lesung Marco Schank

$
0
0

IMG_7117De 6. Juni 2015, hat d’Mierscher Lieshaus eng Liesung mam Marco Schank op dem Fielser Schlass initiéiert.

IMG_7141D’Fielser Musek an d’Frënn vum Fielser Schlass hate keng Méi gescheit, fir deen immens flotte Kader vum Schlass fir dës Liesung anzeriichten. Zwee Zelter waren opgeriicht ginn, an well d’Wierder gutt matgespillt huet, konnten d’Säitewänn ewech gelooss ginn, esou datt d’Vue net beanträchtegt war. Den Stefan Kollmann, Dirigent vun der Fielser Musek, hat en extra Register mat senge Musikanten ageprouft, dat perfekt zu dem Marco Schank senge Kriminalgeschichte gepasst huet. 

De Stefan Kollmann an d'Fielser Musek

De Stefan Kollmann an d’Fielser Musek

D’Fielser Musek hat fir Iessen an Drénke gesuergt, an ech hat et bal fäerdeg bruecht, dee ganzen Owend net iwwert de Referendum ze schwätzen. Eigentlech ee perfekten Owend, an de Site ass esou flott, dee verdingt et wierklech, datt do vill méi oft Aktivitéiten organiséiert ginn.

Lesung Nora Wagener STERNHAGELVOLL

$
0
0

“STERNHAGELVOLL” so lautete der Titel einer außergewöhnlichen Lesung mit Gesang mit zwei  jungen luxemburgischen Künstlerinnen,  zu der das Mierscher Lieshaus  in Kooperation mit dem Mierscher Kulturhaus und dem Centre National de Littérature (CNL) am Dienstag, den 16. Juni ins Foyer des Mierscher Kulturhauses einladen hatte.

Nora Wagener signiert ihr Buch

Nora Wagener signiert ihr Buch

Die Autorin Nora Wagener, geboren 1989 in Luxemburg, hat Kreatives Schreiben und Kulturjournalismus in Hildesheim studiert. Für ihren Debütroman „Menschenliebe und Vogel, schrei“ sowie für ihre Kurzgeschichten erhielt sie bereits Auszeichnungen in Deutschland, Österreich und Luxemburg. Nora Wagener hat Auszüge aus ihrem druckfrischen Roman “E. Galaxien” vorgestellt, in dem sie lakonisch und klug die Welten dreier Menschen beschreibt, die fest entschlossen sind, vor ihrem Leben zu fliehen – und dabei grandios scheitern.

Marie-Christiane Nishimwe übernahm den musikalischen Part

Marie-Christiane Nishimwe übernahm den musikalischen Part

Marie-Christiane Nishimwe entdeckte die Leidenschaft für’s Singen als Schülerin am Conservatoire du Nord Ettelbruck. Zur Zeit bildet sie sich in Wien in Operngesang weiter, nachdem sie dort schon Gesang-Schauspiel-Tanz studiert hat. Sie ist als Sängerin, Schauspielerin und Sprecherin tätig.
Der eigens für diese Veranstaltung von den Künstlerinnen kreierten Cocktail mit dem Namen “Sternhagelvoll”, stand natürlich an diesem Abend an erster Stelle auf der Getränkeliste des Kulturhauses.

Viele Literaturfreunde hatten die Einladung angenommen -und waren von den Darbietungen begeistert!

IMG_7153

TTIP à l’assemblée nationale, Paris

$
0
0

P1060864La commission des Affaires européennes de l’Assemblée nationale française avait organisé le 17 juin 2015 une rencontre interparlementaire consacrée à la politique commerciale de l’Union européenne et notamment aux négociations en cours avec les Etats-Unis (TTIP) et le Canada (CETA). Les délégations de 22 Etats membres avaient accepté l’invitation.

Dans mes prises de position, j’ai admis que, évidemment, il vaut mieux que les Etats-Unis discutent des relations commerciales avec l’Europe que sans l’Europe ou contre l’Europe. Néanmoins, les négociations sont très mal parties. Au Luxembourg, une plateforme d’associations s’oppose à TTIP. Cette plateforme compte parmi ses membres non seulement des ONG défendant un environnement sain, mais aussi l’Union des Consommateurs et pratiquement tous les syndicats du Grand-Duché. A la question « qui seront les gagnants de TTIP ? », on peut déjà répondre qu’actuellement, beaucoup de gens se sentent comme les perdants d’un tel accord. Lors d’un entretien à la Chambre de commerce au printemps 2015, quelques rares patrons de PME ont déclaré qu’un accord de libre-échange faciliterait certainement leurs exportations aux Etats-Unis. En ce qui concerne la croissance économique attendue pour l’UE, les chiffres avancés par le Centre for Economic Policy Research (+ 0,4% du PIB) sont mis en doute par d’autres institutions. Une perte d’emplois est aussi probable que la création de nouveaux emplois.

L’agriculture européenne sera difficilement capable de concurrencer avec l’agriculture américaine, pour de multiples raisons. Il n’y a pas d’étude d’impact qu’aurait un accord de libre-échange entre l’Europe et les Etats-Unis sur les pays en développement.

Une question qui me préoccupe particulièrement : Est-ce qu’il y aura à l’avenir la possibilité du choix politique, p.ex. de refuser les OGM, de renoncer à l’énergie nucléaire, de maintenir le principe de prévention, face à des impératifs se disant scientifiques ou financiers ?

Nous déclarons régulièrement que la politique devrait remettre le citoyen au centre des préoccupations, et que surtout en ce qui concerne l’UE, le fossé énorme entre les citoyens et la politique européenne devrait être comblé d’urgence! Or, il faut avouer que la logique inhérente aux larges négociations commerciales provoque justement le contraire. Le fossé se creuse encore davantage. L’incompréhension des citoyens face à la politique monte. La contestation gagne en largeur et en virulence.

Benoit Hellings (B) et Michèle Bonneton (F), députés écolo.

Benoit Hellings (B) et Michèle Bonneton (F), députés écolo.

Mais il n’y a pas que le phénomène d’éloignement croissant entre citoyens et décideurs qui nuit à la démocratie au sens propre du terme. Lors de ces négociations, qui dans le cas de l’UE sont pilotées par la Commission européenne, il y a aussi une tendance dangereuse à marginaliser non seulement de nombreux acteurs de la société civile, mais également les représentants élus. Les négociations sont menées de plus en plus par des experts sans véritable contrôle par les politiciens élus. Ces derniers ne peuvent donc que difficilement pénétrer la complexité des dossiers, analyser les tenants et aboutissants et suivre l’évolution des négociations. Ainsi, nous – élus nationaux – sommes en fait contraint à avaliser ou à refuser des accords négociés en secret par des experts, sans que nous ayons une connaissance complète des enjeux et du contenu !

J’avais aussi demandé à Matthias Fekl, Secrétaire d’Etat français, chargé du Commerce extérieur (…), présent à la deuxième partie de la réunion, comment il jugeait l’impact de l’accord CETA sur les négociations du TTIP.
Il a jugé l’accord CETA comme un accord très positif pour le Canada et pour l’Europe. Il juge inopportun et inutile d’ouvrir à nouveau ces négociations. Il reste le point des cours d’arbitrage où il faudra trouver une meilleure solution et la question s’il s’agit d’un accord mixte qui devra passer par tous les parlements nationaux, et le cas échéant, si l’accord sera mis en place après la ratification par tous les Etats ou bien comme pour d’autres accords de libre-échange récents, dès la signature de l’accord.

P1060868Il est difficile de conclure des prises de position des différentes délégations sur le résultat d’un vote dans le parlement dont elles font parti. La grande majorité des délégations s’est montrée très critique sur les négociations en cours. Seuls les délégations des pays baltes se sont montrées tout à fait enthousiastes pour une réalisation rapide et complète d’un accord TTIP.

 

Meeting Yehuda Shaul

$
0
0

~5251624E Freideg, den 19. Juni war de Yehuda Shaul vun der ONG „Breaking the Silence“ a Begleedung vum Nathalie Oberweis vun dem „Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient“ an der grénger Fraktioun.

Si goufe vun der Parteipresidentin Françoise Folmer a vu mir empfaangen.

Dës Entrevue war en Deel vun engem reegelméissegen Austausch matt der ONG an dem Yehuda Shaul. Hien huet d’Fraktioun schonn virun engem Joer eemol besicht a wéi „Breaking the Silence“ am Abrëll eng Fotoausstellung an der Abtei Neimünster hat, waren déi gréng och do op Besuch.

D’Ziel vu „Breaking the Silence“ ass et Temoignagen aus dem Gaza Konflikt vun israeleschen Ex-Zaldoten ze sammelen, fir se dann ze verëffentlechen. Sou entsti Bicher wéi déi läscht Publikatioun „This is How We Fought in Gaza“, déi 2015 eraus komm ass, an déi de Yehuda Shaul och kuerz an der Entrevue virgestallt huet.

Den Ex-Zaldot, deen 4 Joer laang an der Arméi war an e.a. am Gaza-Konflikt am Asaz war, huet d’Geleeënheet awer och genotzt, fir e perséinleche Statement iwwert déi aktuell politesch Situatioun rondrëm de Konflikt ze maachen. De Yehuda Shaul huet drop higewisen, datt d’Strategie vun Israel changéiert hätt, datt d’militäresch Ausernanersetzungen ëmmer méi heefeg an méi brutal ginn. Hien argumentéiert dass weider Negociatiounen tëscht Israel a Palästina, sou wéi se bis elo geféiert goufen, ni eng Léisung ervirbrénge kéinten. Dës wieren nëmmen da relevant, wa béid Verhandlungspartner dem Konflikt och wierklech en Enn setze wéilten, wat bannepolitesch Strategien an Israel awer am Moment net erlabe géifen.

Hien plädéiert fir en Enn vun de Verhandlungen tëschent EU an Israel. D’EU soll sech einfach un dat halen, wat an hire Verträg steet, an Israel misst d’Konsequenzen spieren, wann et sech permanent net un international Resolutiounen hält. ~1205752Dat hätten d’Verhandlungen vun deene leschten 30 Joer gewisen, déi ëmmer dat selwecht Resultat haten: Déi Leit, déi sech fir eng 2 Staateléisung a fir een Zesummeliewen tëschent Israeli a Palästinenser am Fridde asetzen, sinn ëmmer rëm enttäuscht an diskreditéiert ginn.
Dës Positioun ass nozevollzéien, awer net esou ganz einfach ze deelen. Wann Verhandlungen net zu engem positiven Resultat féieren, soll een se dann ofbriechen oder weider féieren? Wat fir Israel an Palästina gëllt, misst jo dann och fir Russland an d’Ukraine gëllen, an och fir vill aner Kriseregiounen an der Welt…

 

Beruffsausbildung : Eng Reforme mat katastrofalem Nospill

$
0
0

Capture d’écran 2015-10-07 à 16.20.49D’Situatioun ass katastrofal, dat soen net nëmme vill Enseignanten, Elteren a Proffen, wann se iwwert d’Formation professionnelle schwätzen, dat huet och den aktuelle Minister vun der Educatioun selwer gesot.

An elo leien all déi kritesch Aussoen och a Form vun engem Rapport vun der Uni Lëtzebuerg vir, deen de heidege Minister der zoustänneger Chamberskommissioun an dono der Presse virgestallt huet. Eppes neies goufe mer eigentlech net gewuer, d’Ausmooss vun de Mëssstänn no der Reform gëtt just nach e bësse méi däitlech.

D’Iddi vun der Reform u sech war ni a Fro gestalt ginn. D’Reform vun der Formation professionnelle war an d’Weeër geleet ginn, well den ale System zu ganz vill Echec’en gefouert huet a well vu ville Säiten d’Fuerderung no engem « Enseignement par compétences » gestallt ginn ass.
Mee déi nei Gesetzestexter si wéineg lisibel a net ausgeräift, d’Organisatioun vun de Modulen net equilibréiert an et gouf kee kohärente Pilotage. Eng schlecht Zesummenaarbecht tëscht de verschiddene Partner gëtt am Rapport festgehalen.

Déi vill Rattrapagen ze organiséieren ass schlicht onméiglech a sprengt d’Méiglechkeete vun der traditioneller Schoul. D’Equipes curriculaires sinn sech selwer iwwerlooss gewiescht, d’auslännesch Experten déi intervenéiert sinn, gi schaarf kritiséiert an et gouf vill Oppositioun vun den Enseignanten.

Dee virun allem aus Wirtschaftskreeser gefuerderte Kompetenzunterrecht ass net akzeptéiert ginn an op Onverständnis gestouss. D’Entreprisë waren am Prinzip fir déi Reform well se fir eng « approche par compétences waren ». Mee mat der Praxis waren och si net zefridden.
D’Schüler hu fonnt, datt et mat de Kompetenze méi schwéier gi wier. Si fannen sech net gutt informéiert, an haten den ale Punktesystem léiwer. Mee d’Verständnis, datt een alles op méi spéit kéint drécken, war séier do.

De MEN war fir den « Enseignement par compétences », d’Enseignanten dergéint. D’Equipes curriculaires goufen alleng gelooss an d’Conseillers pédagogiques konnten hier Aarbecht net maachen, während d’Elteren grouss Schwieregkeeten haten a hun fir de System ze verstoen. De Vertrieder vun der Uni huet dat ganzt haut an der Chamberkommissioun als Interaktioun vu verschiddenen Akteure bezeechent, als Zesummespill vu lauter Leit déi mengen si hätte Recht.

D’Echantillone vun der Etude si net representativ, d’Etude ass virun allem op d’Kritike baséiert.
Ëmmerhinn sinn awer ronn 150 Leit gesi ginn, mat deene ganz exhaustiv Interviewe gefouert goufen.
An de Konklusioune vum Rapport heescht et : Net bei null ufänken, mee sech froen, wat ee besser maache kann. Et muss méi positiv a méi konstruktiv diskutéiert ginn.

Zwee Sätz aus de Konklusiounen :

« L’ambiance n’est pas propice à la mise en œuvre de la réforme : lassitude, frustrations, irritation et morosité caractérisent ce climat qui manque de sérénité ».

« […] une mise à plat et un réexamen serein de la réforme permettront de sortir de cette impasse et de recommencer sur de nouvelles bases dans un climat positif ».

Et ass natierlech net un der Uni, fir ee Wee aus dem Misère ze fannen. An déi pathetesch Begrëffer vun Empathie, Determinatioun, Konsens, Transparenz an Gläichberechtegung, déi an der Konklusioun stinn loossen drop deiten datt d’Hëllef vun der Wëssenschaft och nëmme begrenzt ka sinn, fir aus dem Schlamassel eraus ze kommen.

De Minister gesäit ëmmerhin och de positiven Aspekt, datt kee Mënsch d’Qualitéit vun der Ausbildung vun deene Jonken, déi d’Formatioun gepackt hunn, a Fro stellt.
De Minister hat och schnell mat enger instruction ministérielle reagéiert, fir datt iwwer honnert Jonker net op der Strooss stinn. Des Mesure ass ëm ee Joer verlängert ginn.

Et ass och dëst Joer am Februar een neit Gesetz (PL6774) deposéiert ginn, mat enger Reform vun der Reform vun 2008. Dat stécht awer am Moment fest, well et eng Rei Incompatibilitéite mat eiser Konstitutioun opweist, déi net einfach opzeléise sinn.

Wat heescht eng mise à plat ? Déi läscht mise à plat am Educatiounsberäich war déi iwwert d’Gesetz vun der Reform vun de Lycéeën. Déi war och ganz berechtegt, mee zënterhier ass vill an de Schoulen diskutéiert a gestridde ginn, de PL6573 ass zur Zäit awer net méi am Rennen.

No enger Reformflut an der Ära Delvaux (déi d’Resultat vun engem ganz laange Reformstau war !), ass haut eng vun de wichtegste Froen an der Educatioun : Wéi kréie mer rëm eng besser Kommunikatioun, ee positive Klima tëschent alle Partner? Ech mengen net, datt d’Suggestioun vun der Uni, fir déi verschidde Kritikpunkten déi am Rapport festgehale goufen elo ze validéieren « par une méthodologie quantitative plus rigoureuse, par exemple des enquêtes par questionnaires, … » eng grouss Hëllef ass.

Ech deelen dem Minister Meisch seng Ausso :

“Eent ass awer kloer, … datt déi viregt Reform net wäert réckgängeg gemaach ginn, … Kuerzfristeg soll d’Formatioun un d’Realitéite vum Terrain, d.h. vun de Schüler, de Schoulen, de Programmen an awer och den Entreprisen ugepasst ginn.”

Et ass awer och esou, datt d’Moduler net equilibréiert an net ausgeräift sinn. Dat féiert zu Ongerechtegkeeten. D’Moduler mussen iwwerschafft ginn, an dat geet net vun haut op muer. Dofir musse mer eis déi néideg Zäit huelen an näischt méi iwwert de Knéi briechen.

 

TTIP-Manif

$
0
0

P1070513déi gréng: Gesi mir dech e Samschdeg op der TTIP-Manif?

– Natierlech sinn ech do. Als gréng sti mir schliisslech fir de Schutz vun héijen ekologeschen, sozialen a Verbraucherschutzstandarden, fir Rechtsstaatlechkeet an Demokratie op alle politeschen Niveauen. TTIP an och de CETA Accord mat Kanada stellen dës Wäerter a Fro an dogéint protestéieren e Samschdeg och déi gréng. Nach weess jo kee wat schlussendlech erauskënnt, mee esou wéi d’TTIP-Verhandlunge momentan lafen, a wann ech kucke wéi eng Interessen do dominéieren, fäerten ech, dass mir a Punkto Ëmwelt- a Sozialstandarden keen Accord op méiglechst héijem Niveau kréien, mee een op méiglechst déiwem Niveau.

E Samschden op der Place Clairefontaine kenne mir all zesumme weisen, datt Lëtzebuerg a Punkto TTIP och weiderhin eent vun de kriteschsten EU-Länner ass. Och den Ausseminister, eis gréng Ëmweltministesch a souguer de Chamberpresident – zesumme mat anere Parlamentspresidenten – hu jo scho kritesch bei der EU Kommissioun intervenéiert. Mee dass elo schonn iwwer 3 Milliounen Europäerinnen a Europäer d’Biergerinitiativ géint den TTIP ënnerschriwwen hunn, weist, dass queesch duerch ganz Europa vill Skepsis herrscht.

déi gréng: häls du vun der neier Versioun vun de Schiedsgeriichter?

– Déi nei Propose ass scho mol e klenge Fortschrëtt deen duerch de wuessenden ëffentlechen Drock zustane komm ass. Um grondsätzleche Problem vun der Paralelljustiz P1070515fir auslännesch Investisseuren ännert se allerdéngs näischt. Och bei der neier Propose, déi d’EU-Kommissioun elo vu ISDS op ICS ëmgedeeft huet, behalen auslännesch Investisseuren Extrarechter géigeniwwer den nationalen Entreprisen an de Bierger. Virun allem sinn dës Schiedsgeriichter awer net deen eenzege Kritikpunkt. Genee esou problematesch ass zum Beispill déi sougenannten “regulatoresch Zesummenaarbecht”, wou abseits vu der Ëffentlechkeet a vun de gewielte Parlamenter weider Normen a Regelen tëscht den USA an der EU harmoniséiert gi sollen, a wou z.B. och eng zukünfteg Verschäerfung vun den EU Ëmwelt oder Sozialgesetzgebunge kéint blockéiert ginn.

déi gréng: steet awer als éischt emol CETA virun der Dier, oder net ?

– Richteg. Déi Diskussioun iwwert d’Schiedsgeriichter betrëfft souwuel den TTIP-Accord mat den USA wéi och de CETA mat Kanada. CETA ass schonn eng ganz Zäitche fäerdeg verhandelt, a gëtt “offiziell” nach just juristesch iwwerkuckt. “Inoffiziell” läit de CETA Accord allerdéngs wéinst dem Konflikt ëm d’Schiedsgeriichter beim TTIP virleefeg op Äis bis eng Léisung fonnt gouf. Dat kéint awer elo, op Grond vun der neier Propose vun der EU Kommissioun, relativ séier weider goen, wann d’USA an och Kanada déi nei Propose géifen unhuelen. déi gréng bleiwen awer och hei weiderhi ganz kritesch a fuerderen dass TTIP, CETA an och all aner ähnlech Verhandlungen endlech mussen aus der P1070522“Dunkelkammer” eraus. Esou wäitreechend international Verhandlunge kenne net just vun der EU Kommissioun géréiert ginn, mee musse vun alle Memberlänner a virun allem vun de gewielte Parlamentarier, den ONGen an allen interesséierte Bierger kennen agekuckt ginn. An all nationaalt Parlament muss bei TTIP an CETA zum Schluss fir säin OK gefrot ginn !

Xe Conférence des Présidents de Parlement des Petits Etats d’Europe

$
0
0

P1070575Bien que les relations des petits Etats d’Europe avec l’Union Européenne diffèrent largement, l’U.E.  est toujours au centre des préoccupations de ces petits Etats.

La République de Chypre, le Grand-Duché de Luxembourg et la République de Malte sont membres de l’U.E.;

La République du Montenégro est en négociation pour une adhésion à l’U.E.;

select_com_d_l_gation_2_La République d’Islande vient de rappeler qu’elle n’est plus candidat à une adhésion à l’U.E.;

La Principauté d’Andorre, la Principauté de Monaco et la République de Saint-Marin sont en cours de négociation d’un Accord d’Association avec l’U.E.;

La République d’Islande et la Principauté du Liechtenstein sont membres de l’Association Européenne de Libre Echange (A.E.L.E.)

Tous ces Etats savent pertinemment bien que l’accès au marché unique de l’U.E. est une nécessité pour eux. Mais ils évoquent toujours les nombreux risques que l’U.E. présente pour eux, vue leurs particularismes, leur histoire, l’exiguïté des territoires. Tous les petits Etats ont des difficultés à transposer la législation européenne souvent lourde et complexe dans des délais raisonnables.

J’avais la chance de participer pour le Luxembourg à la Xe conférence qui était organisée au Conseil national à Monaco. Andorre, Saint Marin et Monaco, liés fortement à l’Espagne, à l’Italie respectivement à la France, se voient de plus en plus traités comme pays non membre de_F2_5789 l’U.E., ce qui leur rend la vie difficile. Ils se heurtent à la réalité européenne, en ce qui concerne les normes de leurs produits industriels et leur accès au marché européen, mais aussi p. ex. en ce qui concerne la mobilité de leurs étudiants.  Ces trois Etats essaient de trouver une base commune pour régler leurs relations avec l’U.E. Mais il faut admettre que même pour ces trois Etats, les situations diffèrent encore largement.

_F2_5659Laurent Nouvion, le président du Conseil national de Monaco, avait invité et présidait la réunion. Une organisation impeccable, un Conseil national beau et neuf. Néanmoins, l’organisation politique du Monaco est assez particulière. Le pouvoir exécutif est exercé par le prince de Monaco assisté du ministre d’État et de conseillers du Gouvernement.  Le gouvernement est responsable devant le prince et non pas devant le Conseil national, élu au suffrage universel direct. Dans le magazine d’été 2015 du Conseil national, Monsieur Nouvion  se fait citer de la façon suivante: “A nous, Conseillers Nationaux, d’accompagner à notre place le Prince dans cette mission fantastique d’être le seul monarque Chef d’Etat en Europe qui dirige vraiment son pays.”  Un homme politique, élu au suffrage universel, admet que seul le prince dirige le pays et il en est très fier? A mon avis, c’est un bel exemple d’anachronisme.

 


Ulrike Lunacek, Vizepräsidentin des Europaparlamentes, in Luxemburg

$
0
0

Capture d’écran 2015-10-20 à 22.26.18
Am Montag, den 19. Oktober 2015 war Ulrike Lunacek zu Gast in der Maison de l’Europe in Luxemburg-Stadt. Im Rahmen der regelmäßigen “Midi de l’Europe”- Veranstaltungen hat Ulrike Lunacek, (Die Grünen/Österreich) über die Flüchtlingskrise referiert:

Crise des réfugiés Que fait l’Europe? Que devrait-elle faire?

Hunderttausende Menschen verlassen ihr Land auf der Suche nach einem besseren Leben in Europa. Das Europaparlament ruft regelmäßig dazu auf, gemeinsame Lösungen für die Migrationsprobleme zu finden. Noch am 6. Oktober 2016 haben die Abgeordneten von den Regierungen mehr Mittel verlangt um die Krise zu meistern. Sie werden in ihren Appellen weitgehend von der EU-Kommission unterstützt. Dass es dennoch nicht oder nur sehr schwierig zu einem gemeinsamen Handeln kommt, liegt vor allem an den nationalen Interessen der einzelnen Mitgliedsstaaten. Und hier geht permanent die Angst vor dem nächsten Wahltermin um. Diese Angst bringt auch Parteien der politischen Mitte dazu, dem Druck der extremen Rechten entgegen zu kommen. Die Politik der Hetze gegen Asylanten, gefördert von einem immer weitergehend entfesselten Sprachgebrauch der Gegner einer solidarischen Migrationspolitik, schürt die Ängste der Bevölkerung. Vermutlich verleitet die hasserfüllte Sprache auch zu Gewalttaten.

Dabei ist die Angst vor dem Fremden unser größter Feind. Es braucht mehr Mut in der Politik, es braucht auch mehr Ehrlichkeit: Ja, es werden in Zukunft mehr Menschen nach Europa kommen. Ja, das ist eine große Herausforderung, das ist nicht einfach.  Wir müssen die Ängste der Menschen offen ansprechen und nicht so tun als ob es keine Probleme geben würde.

Mehr Wissen und Aufklärung über die Gründe der Migration sind nötig. Positive Beispiele von der gelungenen Aufnahme von Flüchtlingen gehören in den Vordergrund. Leider fehlt bislang eine EU-politische Dimension in der Bewältigung der Flüchtlingskrise. Wir Capture d’écran 2015-10-20 à 22.26.45brauchen Geld und eine gute Organisation. Es ist beschämend, wie schnell Geld für eine Lösung der Bankenkrise aufgetrieben wurde, und wie schwer die EU-Länder sich mit einer gemeinsamen offensiven und positiven Haltung gegenüber der Flüchtlingsproblematik tun.

Den Gedankenaustausch über die europäische Migrationspolitik haben wir in den Fraktionsräumen von déi gréng weitergeführt.

Je suis fier du travail de mes collègues

$
0
0

Capture d’écran 2015-10-23 à 09.57.27Chaque jeudi, Paperjam donne carte blanche à un politicien, dans laquelle il évoque ses débuts, la manière dont il perçoit l’évolution de son parti, et un fait d’actualité qui l’a marqué. Aujourd’hui: Claude Adam (Déi Gréng), député.

Monsieur Adam, quel a été votre premier acte militant?

«Mon premier acte militant a sans doute été une distribution de tracts devant un lycée, mais je ne me rappelle plus exactement.

Je sais par contre que j’ai été interpellé par la révolution sandiniste au Nicaragua, par les manifestations pour la paix, et que je me suis engagé pour la réalisation d’une maison de jeunes autogérée. J’étais à ce moment très à gauche du spectre politique.

Ce n’est qu’après la naissance de mon premier enfant que je me suis résolument engagé dans le milieu écolo. Cattenom, Tchernobyl et les premiers indicateurs d’un changement climatique m’ont guidé dans le choix de mon engagement politique.

Comment envisagez-vous l’avenir politique de Déi Gréng au regard des prochaines échéances électorales?

«Je suis fier du travail de mes collègues. Au niveau communal, au Parlement et au gouvernement, les représentants de Déi Dréng travaillent avec acharnement et clairvoyance.

Serons-nous récompensés par les électeurs lors des prochaines élections communales et législatives? Je l’espère bien. Je me sens très à l’aise dans mon parti et j’aiderai de tout mon cœur les collègues engagés au niveau communal.

Qu’avez-vous retenu de l’actualité de ces derniers jours? Quel événement vous a plus particulièrement marqué? Et pourquoi?

«La semaine passée, j’ai eu l’honneur de remplacer le président de la Chambre des députés lors de la 10e conférence des présidents de Parlement des petits États d’Europe à Monaco. Les débats ont montré que nos relations avec l’UE sont certes à géométrie variable, mais que nous sommes tous fortement influencés, voire dépendants du système européen.

Cette visite, bien qu’intéressante, m’a malheureusement empêché d’assister au débat sur les migrants au Parlement. Les flux migratoires que nous connaissons actuellement seront certainement encore à la une les mois prochains et m’intéressent et me préoccupent tout particulièrement.

Un autre dossier que je suis attentivement, depuis des années, est la situation en Ukraine, où des élections auront lieu ce 25 octobre. Par l’intermédiaire de l’Assemblée parlementaire du Conseil de l’Europe, je participerai à une mission d’observation de ces élections.

À côté de la politique européenne et étrangère, je reste évidemment toujours attaché à mes dossiers ‘traditionnels’ que sont l’éducation et l’enseignement supérieur. Et là aussi, les défis sont énormes. Je n’en citerai que quelques-uns: sortir la formation professionnelle de l’impasse où elle se trouve actuellement, gérer l’hétérogénéité toujours croissante surtout au niveau de l’apprentissage des langues, retourner à une communication positive entre les différents partenaires de l’enseignement, et reprendre les discussions concernant la réforme de l’enseignement secondaire, une réforme mise à plat en 2012.»

Politesch Situatioun an der Ukraine virun de Regional- a Lokalwahlen

$
0
0

IMG_9060Och wann de 25. Oktober 2015 “just” Regional- a Lokalwahle sinn, da sinn dës Wahlen awer ee Stëmmungsbarometer fir d’Regierungspolitik. D’Situatioun an der Ukraine ass net roseg. Dat dierft dem Poroschenko seng Partei ze spiere kréien, déi allerdings hir Ausgangspositioun gestäerkt huet andeem se mat der Ukrainescher Demokratescher Allianz vum Kiewer Buergermeeschter Witali Klitschko fusionéiert huet. De Sondage no kéint eng Politikerin, déi scho vill Leit ofgeschriwwen haten (e.a. ech), eng Art “come back” feieren: D’Julia Timoschenko mat hirer “Vaterlandspartei”, déi a verschiddene Sondage plazeweis gläichop mat der Poroschenko Partei läit. Si schingt vun hirer schaarfer Kritik, virun allem um Ministerpresident Jazenjuk, ze profitéieren. An de Sondagen ass dem Arseni Jazenjuk seng Volksfront esou schlecht ewech komm, datt hien seng Partei aus dem Renne geholl huet. Virun engem Joer haten si nach 22,2 Prozent vun de Stëmme kritt; Sondage gesinn se haut bei +/- 1 Prozent! Spannend ass natierlech och d’Fro, ob den Oppositiounsblock vun der schwiereger Situatioun an der Ukraine profitéiert. Den Oppositiounsblock ass dat wat vun der Partei vun de Regiounen vum Janukowitsch iwwreg bliwwen ass. Si sinn déi 3. gréisst Partei am Parlament, a virun allem am Osten an am Süde staark vertrueden.

IMG_9062
IMG_9061

 

 

 

An da gëtt et an der Ukraine natierlech och nach lokal Elitten an Oligarchen, déi sech géint all demokratesch a wirtschaftlech Reforme wieren. Dat mécht d’Politik an d’politesch Allianzen alles anescht ewéi transparent. An der Ukraine ass réischt dësen Oktober ee Parteiefinanzéierungsgesetz votéiert ginn, wat an Zukunft fir méi kloer Verhältnisser suerge soll: D’Parteie kréie Sue vum Staat, ginn also méi onofhängeg vu Privatpersounen an Interessegruppen a mussen als Konterpartie publik maachen, vu wiem dat se Sue gespent kréien. D’Regierung huet zwar eng Rei positiv Entwécklunge virzeweisen (Reform vun der Police, manner Scholden am Ausland), mee d’Ukraine ass nach laang net iwwert de Bierg. Eng onofhängeg Justiz gëtt et nach ëmmer net a schingt et och nach esoubal net ze ginn, d’Korruptioun ass a bleift eng Belaaschtung. D’Präisser sinn 2015 ëm ronn 50% geklommen, d’Leeschtung vun der Wirtschaft ass em 12% zréckgaang. D’Präisser fir d’Energie (virum allem de Gas) sinn enorm an d’Luucht gaang. Déi Präisser waren an der Ukraine staark subventionéiert a fänken un sech der Realitéit unzepassen. Fir d’Leit, déi mat Aarbechtslosegkeet an Inflatioun ze kämpfen hunn, ass dat awer keen Trouscht.IMG_9065

Positives gëtt et allerdéngs och aus der Ukraine ze mellen: Zanter dem 1. September 2015
gëtt de Waffestëllstand tëschent de Separatisten an de Regierungstruppen zimlech respektéiert. D’Separatiste waren och d’accord, fir an deene vun hinnen occupéierte Bezierker d’Wahle réischt méi spéit an no ukraineschem Wahlrecht duerchzeféieren. De vill strapazéierten Accord vu Minsk schingt am Moment rëm e bësse méi eescht geholl ze gi wéi an de Méint virdrun.

Lokal- a Regionalwahlen den 25. Oktober 2015: Briefing

$
0
0
Briefung des 57 observateurs que le congrès des pouvoirs locaux et régionaux du Conseil de l’Europe a envoyé en Ukraine

Briefing à Kiev des 57 observateurs que le congrès des pouvoirs locaux et régionaux du Conseil de l’Europe a envoyé en Ukraine

D’Wahlgesetz iwwert d’Reform vun de Lokalwahlen ass réischt de 14. Juli 2015 vum ukrainesche Parlament (Verkhovna Rada) votéiert ginn. Et ware 4 Projeten an der Diskussioun, deen dee schlussendlech zréckbehale gouf, war als leschten deposéiert ginn an ass réischt am Juni 2015 diskutéiert ginn.

Dëst Gesetz gëllt als onausgeräift. Ech hu mer erziele gelooss, datt och ukrainesch Deputéierte Problemer hätten, d’Detailer vun dem Gesetz ze verstoen. Och fir de Wieler dierft et net einfach sinn, den Duerchbléck ze hunn. Kritiséiert gëtt och, dat ganz vill Ukrainer, déi aus de Krichsregioune geflücht sinn (Internally Displaced People, offiziellen Estimatiounen no insgesamt 1,5 Millioune Leit), net kënnen un de Wahlen Deel huelen.

Dës Wahle ginn allgemeng als wichtege Stëmmungsbarometer gesinn. Dat weist och schonn den immense Käschtepunkt vun der Wahlcampagne: 82 mio Dollar hunn d’Parteien an dës Campagne investéiert, dat ass méi wéi bei de Parlamentswahle vun 2014. Wou déi Suen hierkommen ass an der Ukraine net bekannt. Et ass och éischter ongewéinlech, datt OSCE/ODIHR eng Observatioun vu lokale Wahlen an deem Ëmfang maachen, dat weist drop hinn dat och déi international Communautéit dëse Wahlvirgang als immens wichteg aschätzt.

De leschte Minsk Accord huet gehalen, dat huet d’Spannungen erof gesat an d’Missioun vun OSCE/ODIHR méiglech gemeet, och zu Mariopol.

Am Moment gëtt eng nei Verfaassung am Parlament diskutéiert. Wann déi esou ëmgesat gëtt wéi se geplangt ass, da sollen aus den 12.000 regionale Communautéiten, deenen hir Grenzen sech plazeweis iwwerschneiden, der nach just 1500 ginn. Dat heescht och, dat schonn 2017 rëm eng Kéier lokal Wahle virgesi sinn.

De Wahlsystem ass eng Mëschung vu Majorz- an Proporz: et gëtt en Ënnerscheed gemeet

Amaya UBEDA (Legal Senior Officer at Council of Europe- Venice Commission) connaît bien les astuces de la loi électorale ukrainienne

Amaya UBEDA (Legal Senior Officer at Council of Europe- Venice Commission) connaît bien les astuces de la loi électorale ukrainienne

tëschent Gemengen a Regioune mat méi a mat manner ewéi 90.000 Awunner, et gëtt eng 5% Hürd, déi all Partei muss packen, wann se ee Vertrieder wëll gewielt hunn, an et gëtt praktesch keng Nominatioun ouni politesch Partei. Et sinn 134 Parteie fir dës Wahlen enregistréiert, awer nëmmen eng 50 hunn aktiv Wahlcampagne gemeet an eng Doze sinn national representativ.

Et ass virgeschriwwen dat all Geschlecht mat mindestens 30% op de Wahllëschte muss representéiert sinn, mä et gëtt keng Strofe fir déi, déi sech net drun halen. Vun den 209.914 Leit op de Parteilëschte sinn 76.113 Fraen, mä vun den 2739 KandidatInnen fir e Buergermeeschterposten si just 367 Fraen.

Ee vun de Problemer um Wahlsonndeg kéint de Stëmmekaf sinn, well d’Léin an der Ukraine immens niddreg sinn. Déi finanziell Nout kéint d’Bereetschaft eventuell grouss maachen, fir sech e bësse Geld niewelaanscht ze verdingen. Genausou wichteg wéi d’Resultat vun de Wahlen gëtt vun den Experten d’Stëmmung an den Oflaf um Wahlsonndeg ageschat. Duerch d’Komplexitéit vum Wahlsystem an d’Vilfalt vun de Parteien ass et éischter onwahrscheinlech, datt et e klore Gewënner an e klore Verléierer gëtt. Vill Leit an der Ukraine si vun der Politik enttäuscht, sou dat och d’Wahlbedeelegung e wichtege Facteur ass, ënnert anerem, wann et drëm geet ob déi rietsextrem Parteien d’5% Hürd packen oder net.IMG_9074

Odessa een Dag virun de Wahlen

$
0
0
Am Summer ass hei ganz vill lass.

Am Summer ass hei ganz vill lass.

Den Hotel wou mer logéiert sinn, ass 5 km vum Zentrum vun Odessa ewech. Am Summer ass et eventuell interessant hei, well mer no beim Mier a bei enger ganz beléifte Summervakanzenavenue sinn. Elo Enn Oktober sinn et 13°C an déi meescht Geschäfter, Bistroen a Restaurante sinn zou. Schued, Odessa huet méi ze bidden.

Ech war och nach ni op enger Wahlbeobachtermissioun, déi esou schlecht organiséiert war ewéi dës. Et ass mir och onverständlech, firwat mir Interprete vu Kiev mat op Odessa bruecht hunn. De Fliger an d’Ënnerbréngung kaschten dräimol méi wéi déi Leit verdingen. En plus ass et ëmmer een Avantage wann den Interpret d’Géigend kennt, wou mer an d’Wahlbureaue ginn. Dat ass dës Kéier net de Fall.

Well um Samschdeg Mëtteg näischt um Programm stoung, hunn ech mer iwwer Dreizackreisen eng Féierung duerch Odessa organiséiert. Zu Odessa gëtt et ganz vill verschidde Kierchen, eng kleng armenesch Kierch, eng grouss griichesch-orthodox Kierch, eng Synagog, eng Moschee…., alles no beieneen an ouni Problemer.

Restaurant zu Odessa

Restaurant zu Odessa

Odessa ass ëmmer eng ganz international Stad gewiescht, wou Toleranz grouss geschriwwe gouf. Ëmsou méi schrecklech sinn d’Evenementer vum 2. Mee 2014 vun den Awunner erlieft ginn, wéi d’Affrontementer tëschent prorusseschen a proukrainesche Manifestanten eskaléiert sinn an 48 Menschen d’Liewe kascht hunn. Dat waren déi bluddegst Evenementer zu Odessa zanter 1918. Duerno ware nach regelméisseg Explosiounen zu Odessa ze héieren, déi awer ni méi Mënscheliewe kascht hunn, an et sinn och nach ëfters proseparatistesch Demonstratiounen zu Odessa. Am Summer 2014 ware guer keng Touristen zu Odessa, dëse Summer waren der erëm méi do wéi je virdrun.

Wéi ech duerch d’Stroosse vun Odessa gaange sinn, hunn ech wierklech näischt vu Spannunge gespuert. Am Géigendeel, et ware vill Leit ënnerwee, d’Restauranten an d’Caféë ware gutt besicht, et ass gelaacht an diskutéiert ginn.

IMG_9135

IMG_9134

 

 

 

 

 

Ee jiddeschen Orchester spillt am Park

Meng Guide huet mer e bëssen aus dem Liewen zu Odessa erzielt. Zum Beispill verdéngt ee Schoulmeeschter hei ronn 150 Euro de Mount, sot si wéi mer grad virun enger Fënster stoungen, wou eng Jeansbox zu deem Präis ausgestallt war. Nieft dem Léierpersonal verdingen och d’Dokteren extrem schlecht. Dofir bréngen d’Leit dem Dokter Sue matt, wann se an d’Ënnersichung ginn. Ganz schwiereg gëtt et, wann ee Familljemember richteg krank gëtt. Da muss d’Famill all Suen zesummekraatzen, fir dem Kranken ze hëllefen. Déi meescht Leit hu méi wéi ee Beruff. D’Privatindustrie bezillt vill besser wéi de Staat. Et gëtt och eng ganz Rëtsch räich Leit zu Odessa. Et ass immens schwéier, d’Korruptioun ze bekämpfen, wann d’Léin esou niddreg leien. Ee Fluchticket vun Odessa op Istanbul kascht schonn zwee Joer laang ongeféier 200€, mä well den Hrivna (déi ukrainesch Währung) esou vill Wäert verluer huet, gëtt et fir d’Ukrainer ëmmer méi deier. Vum 25. Oktober 2016 un, gëtt et keng direkt Fluchverbindunge méi tëschent Russland an der Ukraine, eng Decisioun déi d’Liewe fir eng Rei Leit méi komplizéiert mécht.

Vill Leit verspriechen sech guer näischt méi vun de Wahlen. Si wielen net deen, deem se am meeschte Vertrauen entgéint bréngen, mee deen, deen se als dat klengsten Iwwel gesinn.

 

Viewing all 168 articles
Browse latest View live